Kultur
De Laureat vum Prix d'Art Robert Schuman 2019
Den 21. November ass an der Stad vun de véier Quattropole-Stied Lëtzebuerg-Metz-Saarbrécken-Tréier de 14. Prix d'Art Robert Schumann iwwerreecht ginn. De Laureat ass dee jéngste vun de 16 invitéierte Kënschtler: de 24 Joer jonken Thibaud Schneider vu Metz. Seng Manéier mat Holz, Gips, Peinturen, Texter a Fotoarchiver ze schaffen huet d'Jurysmemberen aus de véier Partnerstied iwwerzeegt. Wéi all déi aner Kënschtler weist den Thibaud Schneider seng Wierker aktuell an der Villa Vauban an am Cercle Cité. D'Kerstin Thalau war an d'Ausstellungen.