arrow_back_ios
Kultur
Gewënner vum Prix d'Art Robert Schuman 2019
Zanter 1991 iwwerreecht d'Asbl Quattropole, also den Zesummeschloss vun de véier Stied Lëtzebuerg-Metz-Saarbrécken-Tréier, all zwee Joer de Prix d'Art Robert Schuman. An all Memberstaat gëtt dofir am Virfeld e Curateur genannt, dee véier Artisten a senger Stad selektionéiert. D'Aarbechte vun alle 16 Kënschtler sinn aktuell zu Lëtzebuerg ze gesinn, an zwar an der Villa Vauban an am Cercle Cité. Den 21. November war owes Präisiwwerreechung. D'Kerstin Thalau mat Impressiounen.