Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Reen a Bou - Op Schratt an Tratt mam Wieder

100komma7.lu / Reen a Bou - Op Schratt an Tratt mam Wieder

/ D'Kippelementer am Äerd- a Klimasystem

D'Kippelementer am Äerd- a Klimasystem

Bal keen Thema ass de Moment sou present wéi de Klimawandel an och de Klima u sech. An tatsächlech ginn et e ganze Koup Grënn, fir driwwer ze schwätzen, wéi z. B d'Kippelementer an eisem Äerd- a Klimasystem. Wat dat ass a wéi eng dat sinn, huet sech de Philippe Ernzer méi genee ugekuckt.

Episoden

De Weekend genéissen

Trotz meteorologeschem Hierscht ass et zimmlech waarm dobaussen, mee dat och net méi fir laang. Eng Omega-Wiederlag suergt nach fir gutt Wieder de Weekend.

De Spéitsummer ass ënnerwee

Vun haut un ass meteorologeschen Hierscht, mee den Temperaturen ass dat egal. Eng gefillt fréi Hierscht-Woch hu mir esou gutt wéi hanner eis, mee besser Deeg sinn um Wee.

De Summer seet Äddi

Viru Kuerzem hate mir eis nach iwwer e Summer-Comeback gefreet, mee dat war et elo schonn. Vum Weekend u stellt sech d'Wiederlag komplett ëm.

Den Héichsummer kënnt zeréck

Schmeier ass et jo schonn, a geschwënn gëtt et nach en Tick méi waarm: De leschte Summermount ass ugebrach, an e probéiert nach eng Kéier säi Bescht.

De Summer mécht e Comeback

Déi lescht Kéieren hu mir drop gehofft, elo ass et esouwäit. De Summer ass tatsächlech zeréck! Just klammen d'Wäerter nach net all ze héich.

Hoffnung op Spéitsummer klëmmt

Eng weider net wierklech summerlech Woch geet op en Enn. Och wann et de Moment nach net duerno ausgesäit, kann een esou lues erëm op Summerwieder hoffen.

Hëtztwell verzitt sech aus dem Mëttelmierraum

Zanter der leschter Woch ass sech de Summer heiheem net méi wierklech weise komm. Iwwer Mëtteleuropa ass et méi kill, mee och am Mëttelmier gëtt et eng Ofkillung.

Weiderhi grouss Hëtzt a Südeuropa

Heiheem bleift et variabel, iwwerdeems déi grouss Hëtzt a Südeuropa och iwwer de Weekend hänkt.

Weiderhin net vill Reen a Siicht

Trotz den Donnerwiedere kënnt net deen néidege Reen zesummen. D'Temperaturschwankunge bleiwen, awer och de Reendefizit.

Wéi geet et mat der Hëtzt virun?

Mir hunn en immens waarme Weekend hanner eis, lokal huet et och geknuppt. Bleift d'Hëtzt zu Lëtzebuerg? Oder kënne mir eis gläich op eng Ofkillung freeën?

Kuerz Hëtztwell steet un

No engem Réckzuch kënnt sech de Summer esou richteg weisen zu Lëtzebuerg. De Weekend iwwer gëtt et waarm, mee et sollt net all ze laang unhalen.

Summer-Comeback nächste Weekend

D'Woch gëtt eng variabel, d'Temperaturen hale sech nach eng Zäitchen zeréck, mee net méi laang. Geschwë gëtt et erëm méi waarm.

Kalfront bréngt Summer-Paus

Iwwer de Weekend leet de Summer eng Paus an. E bësse Reen ass méiglech an och d'Temperature ginn zeréck.

Et gëtt manner waarm

An der neier Wiederwoch kréie mir et mat engem däitlech méi variabelem Charakter ze dinn. Er ännert sech e bëssen eppes un eisem Grousswiederlag-Muster.

Eng kniwweleg Woch steet un

Eng Woch mat Temperaturschwankungen mee och mat Donnerwiederrisk steet un. D'Wieder schléit ëm, an zwar op schmeier a waarmt Summerwieder.

Den Donnerwiederrisk klëmmt

De Weekend gëtt et erëm héichsummerlech waarm zu Lëtzebuerg. Eis erwaarden Temperature vun 30° C an driwwer, mee och den Donnerwiederrisk geet esou lues an d'Luucht.

Wéini reent et mol erëm?

Den éischte richteg waarme Weekend vum Joer hu mir hannert eis. De Weekend iwwer si just e puer eenzel Wolleken duerchgezunn, iwwerdeems et richteg waarm war. Wat feelt, ass Reen.

Deen éischten héichsummerleche Weekend

De Weekend kënnt den Héichsummer op Lëtzebuerg, déi lokal Schaueraktivitéit geet zeréck an et gëtt méi waarm.

Ënnerwee a Richtung 30 Grad

De Summer ass do a wëll elo och net méi esou richteg fort.

Wéi laang bleift et nach esou gutt?

D'Sonn huet eis mëttlerweil esou richteg am Grëff.