Kultur
Wer? Wie? Was? Wieso? Weshalb? Warum?
Am November 1969, viru 50 Joer also, gouf op der amerikanescher Televisioun déi éischte Kéier d'Sesamstrasse, oder mam Originaltitel Sesame Street, diffuséiert. D'Sesamstrasse ass e Paradäis, an deem et Kichelcher ouni Enn gëtt, wou een de ganzen Dag an der Buedbidde leien kann a jiddwereen eng gutt Laun huet. Mat der Sesame Street gouf dann awer och, fir e weideren engleschen Term ze huelen, eng Success Story, lancéiert, eng Emissioun déi weltwäit an iwwer 140 Länner iwwerholl gouf, wéi zum Beispill och an Däitschland, wou den 8. Januar 1973 déi éischt Editioun vun der däitscher Sesamstrasse am Schlappekino gewise gouf. Explikatioune vum Jean Claude Majerus.