Kultur
D'Lëtzebuerger Sécessionisten am MNHA
De Begrëff Sécessioun gëtt net just an der Politik, mee och an der Konscht gebraucht: da bezeechent een d'Separatioun vun engem Kënschtlergrupp vun enger als net méi zäitgeméiss jugéierter Konschtrichtung. D'Lëtzebuerger Sécessioniste gehéieren haut zu de bekanntste nationale Kënschtler, wéi zum Beispill de Joseph Kutter oder den Auguste Trémont. Hiren zweete Salon war 1929, also viru genee 90 Joer, an dat gëtt nach bis den 22. Dezember am Nationalmusée um Fëschmaart mat enger Expo gefeiert. D'Kerstin Thalau ass vun de Curatrice méi gewuer ginn.