Wat ass gutt, wat ass schlecht, respektiv wat ass richteg oder falsch? Dat si Froen, déi warscheinlech op mannst esou al sinn ewéi d'Mënschheet selwer. All Mënsch stellt sech déi Froen. Mä wat passéiert, wann aner Leit probéieren, eis hir Äntwerten opzedrängen?
Haut, wou jidderee permanent sech zu allem äussere kann, egal op hien eppes ze soen huet oder net, schéngt den ëffentlechen Diskurs sech ëmmer méi ze moraliséieren.
D'Philosophen-Ronn huet sech dofir d'Fro gestallt, ob een net einfach d'Moral an d'Poubelle soll schmäissen, an d'Moralisten direkt mat. De Joel Holtzem an de Gilles Retter diskutéiere mam Thomas Koenig doriwwer, wat et iwwerhaapt nach fir moralesch Instanze gëtt a wat d'Moraliséierung vum ëffentlechen Diskurs mat sech bréngt. Schlussendlech kucken se dann, op et méiglech ass, 2019 zu Lëtzebuerg e Liewen ze féieren, dat komplett amoralesch wier.