Kultur
LAA - Luxembourg Architecture Award
Wien duerch Lëtzebuerg fiert, verbënnt eist Land vläicht net op den éischte Bléck mat zäitgenëssescher Architektur. An awer, et gëtt se, déi innovativ Projeten, déi clever a kreativ Léisunge proposéieren. Mam Lëtzebuerger Architektur Präis ginn déi kreativ Käpp hannendrun ausgezeechent. Den 12. Dezember ass déi 8. Editioun. Bis dohinner ginn 173 Projete presentéiert, déi an de leschte Joren uechter d'Land gebaut goufen.
D'Projete sinn am LUCA, dem Lëtzebuerger Architektur Zentrum zu Hollerech, ze gesinn oder um Internet Site www.architectureaward.lu. Vun den 173 ganz diverse Baute goufen der 44 fir de LAA, Luxembourg Architecture Award, nominéiert. Ganz nei ass, datt all Mënsch seng eege Stëmm fir säi Favorit online kann ofginn. D'Lara Bousch mat weideren Detailer.