arrow_back_ios
Kultur
Huet d'Mona Young-Eun es genuch?
Déi koreanesch Kënschtlerin Mona Young-Eun interesséiert d'Fragilitéit vun eisem Ekosystem. De Summer iwwer huet si sech mat Exzess a Manktem beschäftegt: "too much and not enough" ass e Virtual-Reality-Clip, an deem d'Mona Young-Eun de Konflikt tëschent zwee - fir eis - liewenswichtegen Elementer thematiséiert: tëschent Sonn a Waasser. Bis den 2. Dezember kënnt Dir d'Installatioun am Casino Lëtzebuerg entdecken. D'Kerstin Thalau hat do e Rendez-vous mat der Kënschtlerin.