Aktuelles
The Jim Kent Show
"The Jim Kent Show" gëtt e Format, an deem et ëm Spaass an Aktualitéit geet. De Jim wäert all Woch op d'Aktualitéit vun de leschten Deeg zeréckkucken, dat zesumme mat engem Journalist vun Delano, dem englesche Magazin vu Maison Moderne. Donieft invitéiert de Jim Kent sech all Woch en interessante Gaascht an de Studio, mat deem hien iwwer wichteg aktuell oder kulturell Sujete schwätzt. Dat alles op Englesch an aus der Perspektiv vun der Expat-Community, fir esou gewuer ze ginn, wat fir dës Communautéit wichteg ass. Mat dëser Emissioun probéiere mir eng Bréck ze baue fir och Leit, déi hei am Land liewen an déi nach kee Lëtzebuergesch schwätzen un der Aktualitéit vum Grand-Duché deelhuelen ze loossen.
De Moie war de Jim Kent beim Simon Larosche fir méi iwwer seng Emissioun ze verroden.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)