Panorama
Panorama
Déi ëffentlech Finanzen hunn an den éischten néng Méint vum Joer besser evoluéiert, wéi et am Budget virgesi war, deelt de Finanzminister Pierre Gramegna mat
Am Regierungsrot gouf haut déi nei lëtzebuergesch Orthografie ugeholl. Den Educatiounsministère huet an deem Kader annoncéiert, datt et zukünfteg am Classique an am General Lëtzebuergeschcoursen op den héije Klasse soll ginn
D'Handwierkerkammer ass éischter skeptesch, wat de Staatsbudget 2020 ugeet
De fréieren DP-Politiker a Minister, Marcel Mart, ass am Alter vun 92 Joer gestuerwen
Um Findel gouf den éischte vun zwee neien Helikoptere fir d'Arméi an d'Police empfaangen
D'EU misst méi Efforte maachen, fir multiresistent Keimen ze bekämpfen. Zu där Conclusioun koum de Mueren den Europäesche Rechnungshaff. Lëtzebuerg ass den aachtgréisste Konsument vun Antibiotiquen an Europa