Kultur
Ass "dandy" nees trendy?
Eemol de Mount presentéiert de Michel Delage bei eis d'Emissioun "B-Radio". De 14. November geet et kuerz no 9:00 ëm de Sujet "Dandy". Den Dandyismus koum Mëtt vum 18. bis Ufank 19. Joerhonnert op, ee vu sengen éischte Vertrieder war de Beau Brummell, deen net manner wéi dräi Coiffeuren hat: ee fir d'Chienne, ee fir den Hannerkapp, ee fir d'Säiten; hie war géint Parfum a Bijouen, huet awer mat Schampes seng Schong gebotzt an e puermol den Dag d'Kleeder gewiesselt. D'Kerstin Thalau huet sech op d'Sich no der Relève vun den "Dandye" gemaach.