Panorama
Panorama
Iwwert d'Reform vum Pacte Logement soll d'Offer um Wunnengsmaart eropgoen a méi Bauland mobiliséiert ginn. De Logementsminister Henri Kox an d'Inneministesch Taine Bofferding hunn de Projet haut an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert.
Bei der Beschäftegungsinitiativ CIGR Syrdall gouf et gëschter eng Perquisitioun vun der Police judiciaire, confirméiert de Justizspriecher.
An der Affär ronderëm d'Asbl RTPH ass den Aarbechtsministère am Gaang eng zweet Denonciatioun ze preparéieren, huet de Minister Dan Kersch matgedeelt.
D'Patientevertriedung fuerdert eng méi séier Ëmsetzung vum Tiers payant, wéi de Sozialminister se ugekënnegt huet.
D'Landwirtschaft fuerdert eng finanziell Unerkennung, wann se soll Moossname géint de Klimawandel a fir manner CO2-Emissiounen ergräifen.
Europaparlament validéiert Kandidature vum franséischen Thierry Breton an der rumänescher Adina Ioana Valean fir Poste vun EU-Kommissären. D'Deputéiert blockéieren awer den ungaresche Kandidat Oliver Varhelyi.