arrow_back_ios
Kultur
Die Welt steht Kopf
Et ass eng Traditioun datt bei eisen däitsche Noperen de 11.11 d'Fuesboken d'Soen iwwerhuelen. An mat vill Geséngs a gefeiers gëtt déi nei Fuessaison, déli fënnefte Joereszäit agelaut. Dat "närrescht dreiwen" wéi se soen spillt sech awer net nëmmen op de Stroossen of. Zu Tréier sinn och kulturell Institutiounen mat derbäi. Am Stadmuseum Simeonstift ass dem Ament d'Ausstellung "Die Welt steht Kopf: Eine Kulturgeschichte des Karnevals" ze gesinn. Eng Ausstellung déi bis Äschermëttwoch dat anert Joer dauert.