Panorama
Panorama
Polizist huet gëschter Owend op en Auto geschoss, dee virun der Police fortgerannt war, de Chauffeur wier am Bee getraff ginn, sou d'Police
Piratepartei wëllt um Verwaltungsgeriicht duerchsetzen, datt d'Deputéiert an der Mediekommissioun de ganze Konzessiounsvertrag tëschent dem Staat an RTL gewise kréien
Joëlle Elvinger kënnt Poste vum Henri Grethen als Lëtzebuerger Member vum Europäesche Rechnungshaff méi no
Nei Gesondheets-App soll d'nächst Joer erauskomme fir de Gebrauch vu Gesondheets-Servicer ze vereinfachen
Israelesch Arméi huet eegenen Aussoen no weider Membere vum Islameschen Dschihad ëmbruecht, honnerte Rakéite wieren aus der Gazasträif op Israel geschoss ginn, sou d'Arméi
Bolivianesch Senateurin Jeanine Añez, vun der Oppositioun, huet sech selwer als nei Interim-Presidentin erkläert, no der Demissioun vum Evo Morales
Rekordflut zu Venedeg, Warnunge virun exzeptionellen Iwwerschwemmungen, eng Persoun ass ëm d'Liewe komm
Holland wéilt Vitess op Stroossen am Dag op 100 Kilometer an der Stonn limitéieren, sou Medien
Tesla baut éischt europäesch Fabrick zu Berlin
Greta Thunberg reest nees mat engem Segelschëff aus den USA zeréck an Europa