Panorama
Panorama
11 min
Südfrankräich: Vill Leit wéinst Äerdbiewe vu gëschter evakuéiert, Atomzentralen an der Regioun net beschiedegt, sou d'Autoritéiten, dräi Reaktere goufen awer ofgeschalt
Filmfong: Xavier Bettel presentéiert der Chamber d'Recommandatioune vum Audit vun 2018
Jean-Claude Juncker: Soll haut operéiert ginn, sou seng Spriecherin
Noen Osten: Konflikt riskéiert nees ze eskaléieren, sou déi israelesch Arméi nodeems si hënt e Chef vun der radikaler palestinensescher Organisatioun Islameschen Dschihad ëmbruecht huet
Bolivien: Arméi mobiliséiert Zaldote fir der Police ze hëllefen, ex-President Evo Morales ass no Demissiouns-Annonce an den Exil a Mexiko gereest
Hongkong: USA appelléieren u Regierung an Demonstranten, eng weider Eskalatioun vu Gewalt ze verhënneren
Jimmy Carter: Fréieren demokrateschen amerikanesche President (95 Joer al) an der Klinik