Kultur
D'Révélatioun um Hierschtsalon vum CAL: de Pit Molling
Bis de 14. November kënnt dir den traditionellen Hierschtsalon vum Cercle Artistique de Luxembourg, kuerz CAL, am Tramsschapp um Lampertsbierg kucke goen. Iwwer 150 Kënschtler aus ënnerschiddlechen Disziplinnen hate fir de Salon eng Candidature ofginn, 46 stellen elo aus. An: et sinn zwee Präisser vum CAL vergi ginn. De Laureat vum Prix Grand-Duc Adolphe, de Franz Ruf, hu mir Iech scho virgestallt. De Prix Révélation, fir Kënschtler ënner 35 Joer, geet un de Pit Molling, fir zwou Molereien an eng Skulptur aus Bioplastik. Explikatioune Kerstin Thalau.