Déjà Vu
Brian Eno - Taking Tiger Mountain (By Strategy)
9 min
Dem Brian Eno seng Carrière ass als Deel vum Bryan Ferry sengem Roxy Music ugaangen. Hie war awer net laang beim Glam Rock Outfit dobäi, éier hie 1974 seng Solo-Carrière lancéiert huet. Dat Joer huet hien net eng, mee direkt zwou Placken erausbruecht. "Here Come The Warm Jets" gouf am Januar verëffentlecht. Eng experimentell Studio Pop Produktioun. Déi zweet "Taking Tiger Mountain (By Strategy)" koum am November eraus, déi genee, wann net esouguer méi bizarr Momenter opweist. Den Jamie Reinert huet eragelauschtert.