Panorama
Panorama
12 min
CSV hat haut en ausseruerdentlechen Parteikongress. Dobäi gouf et Kritik un der Regierung.
30 Joer Mauerfall: Zu Berlin gouf haut den Evenementer virun dräi Joerzéngten geduecht.
Déi franséisch Fotografin Valentine Monnier beschëllegt de Realisateur Roman Polanski si 1975 an der Schwäiz vergewaltegt ze hunn. D'Valentine Monnier war deemools 18 Joer al.
Am Irak sinn dräi Manifestante vun der Police erschoss ginn.
Fir déi éischte Kéier zanter Joerzéngte kënnen Sikhs aus Indien iwwer d'Grenz a Pakistan pilgeren, bei e Schräin vun hirem Religiouns-Grënner.