Panorama
Panorama
12 min
D'Oppositiounsparteie schreiwen an der Affär ronderëm d'Familljeministesch Corinne Cahen en oppene Bréif un de Premier Xavier Bettel a fuerderen, datt den Ethikrot domat befaasst gëtt.
Bis Enn des Joers soll den LSAP-Deputéierten Alex Bodry eng Propos fir d'Reform vum Parteie-Finanzéierungsgesetz ausschaffen.
Zanter Mäerz d'lescht Joer goufe keng Rechnunge fir Krankentransporter, déi vum CGDIS gemaach goufen, méi rembourséiert, confirméiert de Minister vun der Sécurité sociale Romain Schneider.
Den 21. November trëtt e Fräihandelsofkommes tëschent der EU a Singapur a Kraaft.
Ufanks Dezember soll a Groussbritannien e Syrien-Sommet stattfannen, fir ënner anerem iwwer eng politesch Léisung fir de Biergerkrich am Land ze beroden.
De franséische Médicis-Präis geet dëst Joer un de Luc Lang fir säi Roman "La Tentation".