arrow_back_ios
Kultur
D'Luxembourg Art Week huet hir Dieren hallef opgemaach
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
De 7. November war an de Victor Hugo Halen um Lampertsbierg "Preview", also Prévernissage, vun der 5. Luxembourg Art Week. 65 international Galerië si bei dëser Editioun mat dobäi, an der Vente hu se haaptsächlech Tableauen. Obschonns et sech deen Owend ëm eng Zort Generalprouf fir den Art-Week-Weekend gehandelt huet, ware scho vill Leit an den Halen ënnerwee: de Premier Xavier Bëttel, d'Kulturministesch Sam Tanson, esouguer de Grand-Duc Henri. An ... fir eis: d'Kerstin Thalau.