Aktuelles
Web Summit zu Lissabon
8 min
Gëschter ass an der portugisescher Haaptstad Lissabon de Web Summit op en Enn gaangen. Op enger vun de gréissten Technologie-Konferenzen op der Welt si während dräi Deeg Entrepreneuren, Investisseuren, Internet-Staren, mee och Politiker a Sportler openeegetraff.
Esou waren den europäeschen Brexit-Negociateur Michel Barnier, de fréiere britesche Premier Tony Blair, an de Fussball-Star Ronaldinho ënner de Gäscht. Tëschent de Stänn vun Amazon Web Services, Microsoft, an anere Giganten aus der Tech-Welt hunn och Lëtzebuerger probéiert op sech opmierksam ze maachen.
Eise Korrespondent Philip Crowther war um Web Summit dobäi an huet dräi Lëtzebuerger Start-Uppe kennegeléiert. Hei säi Reportage vu Lissabon.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)