Panorama
Panorama
10 min
D'Reform vum Adapto léist nach vill oppe Froen. Haut gouf de Service fir Leit mat enger ageschränkter Mobilitéit an der Chamber diskutéiert.
D'Gemengen hunn all hiren Avis ofginn zu der geplangter Reorganisatioun vum RGTR Bus-Reseau, dat sot den Mobilitéitsminister François Bausch haut de Mueren an der zoustänneger Chamberkommissioun.
Et gëtt scheinbar eng Deel-Eenegung am Handelskonflikt tëschent den USA a China.
30 Joer Prisong: Dat ass d'Uerteel zu Den Haag géint e fréiere Milizechef aus dem Kongo.
Mir géifen den Ament den Hirntot vun der NATO erliewen. Dat sot de franséische President Emmanuel Macron am Interview mat der Zäitschrëft Economist.