Presserevue
Presserevue
4 min
D'Editorialen am Wort an am Quotidien thematiséieren allen zwee d'Verkéierslag an der Stad. Bei der Fro no de Schëllege kommen si awer op ënnerschiddlech Äntwerten. Am Wort gëtt d'Politik vun der Regierung verantwortlech gemaach. Den Editorialist am Quotidien fënnt, d'CSV hätt de Mobilitéitsproblem ze laang ignoréiert.
Schwaach, orientéierungslos, zerstridden an nach ëmmer ouni richteg Féierungspersoun. Esou charakteriséiert de Pascal Steinwachs am Journal déi aktuell CSV.
De Luc Laboulle am Tageblatt hëlt Beschäftegungsinitaitiven a Schutz. Dës Initiative wiere wichteg fir Leit ze hëllefen, déi um fräie Marché keng Chance hätten.