Musek am Gespréich
De Pianist a Pädagog Gary Müller
Gebuer ass de Gary Müller 1955. Hien huet, éier e sech fir de Piano interesséiert huet, Klarinett geléiert. Nom Pianosstudium beim Alexander Müllenbach ass de Gary Müller op Stroossbuerg gaange fir sech ze perfektionéieren. Seng éischt Etappen als Enseignant waren Ettelbréck an Iechternach, duerno kënnt de Pianist an de Stater Conservatoire. Während sengem Beruffsliewe konnt de Gary Müller d'Evolutioun vum Stater Conservatoire an och vum Museksenseignement materliewen, parallel zu senger Carrière als Kammermuseker. De Manuel Ribeiro huet sech mam Gary Müller ënnerhalen.