Kultur
Den Hierschtsalon vum CAL
De Cercle Artistique de Luxembourg, kuerz CAL, invitéiert den 2. November um 17 Auer op de Vernissage vu sengem traditionellen Hierschtsalon. D'Editioun 2019 ass déi drëtt am Tramsschapp um Lampertsbierg, mee de Salon ass déi Kéier méi laang fir Iech op: tëschent dem 2. an dem 14. November. Zwee Präisser gi verdeelt: de Prix Révélation, fir Kënschtler ënner 35 Joer, den Owend vum Vernissage, de Prix Grand Duc Adolphe während dem Salon. D'Kerstin Thalau ass vum CAL-President Marc Hostert nach méi gewuer ginn.