Panorama
Panorama
Lëtzebuerger Gemengen, déi hire PAG net bis e Freideg an d'Prozedur kënne bréngen, hätten et da schwéier, fir gréisser Wunnengsprojeten ze realiséieren, sou de Vize-President vum Syvicol, Serge Hoffmann, am 100,7 Interview
Britesche Premier Boris Johnson krut net déi néideg Majoritéit am Parlament fir den 12. Dezember virgezunnen Neiwahlen ofzehalen
Et gouf Enkpäss bei Grippen-Impfungen zu Lëtzebuerg, mee d'Situatioun hätt sech nees normaliséiert, sou d'Apdikter
Beschäftegungsinitiativ RTPH seet si hätt Aarbechtsministère net getäuscht
Tierkei warnt virun eventueller Reprise vun der Militär-Offensiv a Nordsyrien nom Oflaf vun der Wafferou haut
Nei Protester mat Gewalt a Chile trotz Ëmbildung vu Regierung
Kannerschänner a Mäerder Marc Dutroux krut vu Geriicht accordéiert, e neie psychiatreschen Avis maachen ze loossen
Äerdbiewen op de Philippinnen mat Blesséierten, sou lokal Autoritéiten
Demokraten an den USA wëllen eng éischte Kéier iwwert Impeachment Prozedur géint Donald Trump ofstëmme loossen