arrow_back_ios
Kultur
Dem Max Jacoby säin zweete Long Métrage
Fir "Butterflies" krut de Lëtzebuerger Realisateur Max Jacoby 2005 de Präis vum beschte Kuerzfilm vum Ang Lee zu Venedeg iwwerreecht. 2009 huet hien den Anticipatiounsfilm "Dust" zu Busan presentéiert. Produzéiert vum Jani Thiltges fir Samsa Film ass "Péitruss" elo säin zweete Long Métrage. Et ass e psychologeschen Thriller an en Whodunit, deen aus dem Point de vue vun enger Fra erzielt ass. De Max Jacoby verréit dem Thierry Besseling méi.