Blue Note
Vinyl Big Band
D'Big Band ass bis haut een duerchaus beléift Format vun der Jazzmusek. Ursprénglech reng als Danzorchester konzipéiert, sti si fir eng gëllen Ära voller Freed an Opschwong, hunn d'Zaldoten am Krich musikalesch opgebaut an hunn et dono an déi grouss Concertssäll ronderëm d'Welt gepackt. De Pit Dahm an de Pol Belardi hunn e puer Incontournabelen a verstoppte Schätz fonnt, quasi alles vun der Plack op d'Antenn. Vertrieder wéi Count Basie oder Duke Ellington dierfen natierlech do net feelen. Eng Rees an d'Welt vun der Big Band!