Panorama
Panorama
An der Belsch soll fir déi éischte Kéier eng Fra de Poste vum Premierminister iwwerhuelen: D'Sophie Wilmes soll dem Kinnek Philippe als Iwwergangscheffin proposéiert ginn.
De Chef vun der Terrormiliz Islamesche Staat, Abu Bakr al Badgadi soll bei engem Asaz vun der US-amerikanescher Arméi a Syrien ëm d'Liewe komm sinn, mellen amerikanesch Medien.
Als éischten Oppositiounspolitiker zanter zéng Joer fänkt haut de fréiere Militärchef Benny Gantz an Israel mat de Gespréicher, fir eng nei Regierung ze bilden, un.
An Argentinie wielen d'Bierger haut en neie President. De lénken Oppositiounskandidat Alberto Fernández kéint de leschte Sondagen no op ronn d'Hallschent vun de Stëmme kommen, an hätt domat bal 20 Prozentpunkte Virsprong op den aktuelle Regierungschef, de konservative Mauricio Macri.
Eng kohärent Kommunikatioun tëschent alle Bedeelegten wier wichteg fir d'Erreeche vun de Klimaziler vum Grand-Duché, sot de Fedil Direkter René Winkin an eiser Emissioun Riicht eraus.
Südafrika steet als zweet Equipe no England an der Finall vun der Rugby-Weltmeeschterschaft a Japan.