Panorama
Panorama
De renomméierte Sakharovpräis vum Europaparlament geet dëst Joer un de Regierungskritiker a Wirtschaftswëssenschaftler Ilham Tohti, deen a China zu liewenslaangem Prisong veruerteelt gouf.
De Chef vun der Europäescher Zentralbank Mario Draghi ass haut bei senger leschter Conseilssëtzung dobäi, no aacht Joer Amtszäit.
Nodeems gëschter an England 39 Läichen an engem Camion fonnt gi waren, huet elo och de belsche Parquet eng Enquête an d'Weeër geleet.
Déi franséisch Press huet eng Plainte géint Google agereecht, well den Internetkonzern mat neie Reegelen d'EU-Direktiv fir e Schutzrecht fir Presse-Editeure géif ëmgoen.
De President vu Bolivien, Evo Morales, trëtt viraussiichtlech e véiert Mandat un. Hat et am Ufank nach no engem Ballotage ausgesinn, huet hien elo, no der Auszielung vu bal all de Wahlziedelen, ganz knapp déi néideg Majoritéit zesummen.