arrow_back_ios
Zäithistoriker
En Ondank, deen d'Welt erstaune wäert
D'Entscheedung vum Donald Trump, seng Truppen aus Nordsyrien zeréckzezéien, gëtt bal universell wéi den Akt vun Häerzlosegkeet an Ondankbarkeet, vun engem onstabille Staatsmann gedeit. Seng Begrënnung, datt d'Kurden den Amerikaner jo net am Zweete Weltkrich gehollef haten, huet dono schockéiert. Dëst Äusserung ass awer weder blöd nach eidel. Si baséiert op eng Lektür vun der Vergaangenheet, versprécht en historesche Broch an enthält eng Visioun fir d'Zukunft. Eng Chronik vum Vincent Artuso.
Politik a Gesellschaft