Panorama
Panorama
Wéi soll ee mat Leit ëmgoen, déi fir den IS a Syrie gaange sinn? D'Justizkommissioun vun der Chamber huet sech haut mat der Situatioun vum presuméierten IS-Kämpfer aus Lëtzebuerg Steve Duarte beschäftegt.
Virum Vott iwwer d'Brexit-Gesetz den Owend am britesche Parlament dreet de Premier Boris Johnson mat Nei-Wahlen.
An den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker huet haut am EU-Parlament e Bilan vu senger Amtszäit gemaach.
Déi national-konservativ Regierungspartei PiS a Polen huet a sechs Walbezierker, an deene si d'Senatswahl verluer huet, nei ausziele loossen. E Spriecher vun der Partei sot, datt an dëse Bezierker d'Resultat ganz knapp war an et vill ongülteg Stëmme gouf.