Panorama
Panorama
Weider Defaite fir de Boris Johnson: De Parlaments-Spriecher John Bercow huet e Vott haut am Parlament zu London iwwer den neie Brexit-Accord refuséiert.
Lydie Polfer: D'Sécherheetsfirma Security Service Schmitt hätt der Gemeng Lëtzebuerg no keng Autorisatioun gebraucht, fir op der Schueberfouer ze schaffen.
D'Salariéë vum LISER, dem Institut fir sozio-ekonomesch Recherche, kréie fir d'éischte Kéier ee Kollektiv-Vertrag.
Etüd: Am Schnëtt hätten Awunner zu Lëtzebuerg dëst Joer ronn 35.000 Euro Nettoakommes zur Verfügung.
De Bilan vun den Doudege bei den Onrouen am Chile klëmmt op 11, mellt de Gouverneur vu Santiago.
Serbie muss den EM-Qualifikatiounsmatch géint Lëtzebuerg de 14. November wéinst rezente Rassismus-Virfäll virun eidelen Tribüne spillen. Dat huet d'Ethik-Kommissioun vun der UEFA entscheet.