arrow_back_ios
Blue Note
The Bluebird / Organic Machines / Activate Infinity
D'Asbl The Bluebird organiséiert Concerten am Gudde Wëllen, mee och aner Aktivitéiten. De Jeff Herr an de Maxim Bender waren am Studio.
Pol Belardi's Force huet en neien Album mam Titel "Organic Machines" fäerdeg. Digital Release war e Freideg, 18.10.2019. Physesch Release ass am Februar 2020 am Kulturzenter OpderSchmelz zu Diddeleng. De Pol Belardi war am Studio.
An och The Bad Plus huet en neien Opus ze mellen. Dësen Disk koum bei Edition Records eraus an heescht "Activate Infinity".
Musek