Panorama
Panorama
De Premier Xavier Bettel ass enttäuscht iwwer déi ze wéineg ambitiéis Propos fir de laangfristegen EU-Budget um Sommet zu Bréissel. Fir de Nach-EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker war et dee leschten EU-Sommet.
Déi zwee Gemengebeamte vun Hesper, déi sollen ëffentlech Gelder ënnerschloen hunn, hu gestanen.
Am Ofwaasser vun der Kläranlag zu Péiteng goufe Réckstänn vun Droge fonnt.
Decisiven Dag fir de Brexit: Zu London stëmmt dat britescht Parlament haut iwwer den Deal of, deen de Premier Boris Johnson mat Bréissel ausgehandelt huet.
Bei den Demonstratioune fir d'Onofhängegkeet vu Katalonien koum et an der Nuecht zu Ausenanersetzungen tëschent radikale Militante vun de Separatisten an der Police.