Panorama
Panorama
Déi zwee Gemengebeamte vun Hesper, déi sollen ëffentlech Gelder ënnerschloen hunn, hu gestanen.
De Jean-Claude Juncker bleift viraussiichtlech nach bis den 1. Dezember EU-Kommissiounspresident, hie war gëschter bei sengem leschten EU-Sommet dobäi.
Lëtzebuerg kritt e Fuerschungszenter fir Space Resources, annoncéiert de Wirtschaftsminister.
Am Ofwaasser vun der Kläranlag zu Péiteng goufe Réckstänn vun Droge fonnt.
Haut décidéiert sech a Groussbritannien ob et den 31. Oktober zu engem Brexit mat oder ouni Deal kënnt. Dat britescht Parlament stëmmt iwwer den Accord of, deen de Premier Boris Johnson mat Bréissel ausgehandelt huet.
Bei den Demonstratioune fir d'Onofhängegkeet vu Katalonien koum et an der Nuecht zu Ausenanersetzungen tëschent radikale Militante vun de Separatisten an der Police.