Kultur
Den Anri Sala béit am Mudam d'Zäit
De Moler, Sculpteur a Videokënschtler Anri Sala koum 1974 an Albanien op d'Welt. Hie war tëschent 1992 an 1996 op der Konschtakademie an der Haaptstad Tirana, ass 1996 a Frankräich emigréiert an huet zu Paräis an zu Tourcoing Video studéiert. Mëttlerweil lieft hien zu Berlin a kuckt op 20 Joer erfollegräicht Konschtschafen zeréck. A sengem Wierk verbënnt hien individuell a kollektiv Geschicht, gesellschaftspolitesch Themen a Poesie. D'Kerstin Thalau hat d'Geleeënheet, hie beim Vernissage vu senger aktueller Expo "Le temps coudé", am Mudam, kennenzeléieren.