Panorama
Panorama
Haut ass et souwäit: Zu London entscheet d'Parlament iwwert de Brexit-Deal mat der EU an domat och iwwert d'Zukunft vu Groussbritannien no sengem EU-Austrëtt den 31. Oktober.
De Mueren ass a China en éischten Test-Zuch a Richtung vum Terminal Intermodal vu Beetebuerg-Diddeleng fortgefuer. De Mobilitéitsministère versprécht sech dovunner nei Geleeënheete fir sech am europäeschen Distributiounssecteur ze positionéieren.
Um Belval fënnt haut de Global GovJam statt, en Evenement wat dozou soll bäidroen, fir administrativ Prozesser ze vereinfachen.
No neie gewalttätege Protester a Katalounien ass déi separatistesch Regionalregierung haut fir eng Krisesëtzung zesumme komm.
D'Tierkei reprochéiert de Kurdemilizen, de Waffestëllstand am Norde vu Syrien net ze respektéieren.
A bei der Rugby-Weltmeeschterschaft a Japan huet Groussbritannien Australien mat 40 zu 16 geklappt a steet domat als éischt Equipe an der Halleffinall.