Kultur
De Batman am Gespréich
Superhelden hunn eng nawell tumultuéis Phas hanner sech. De leschten "Avengers" Film huet de Box Office dominéiert an huet sech op d'Nummer 1 vum profitabelste Film vun allen Zäite gesat.
Do dernieft huet "Joker" vum Todd Phillips den Haaptpräis zu Venedeg op der Mostra mat Heem geholl an anerersäits huet den amerikanesche Realisateur Martin Scorsese verlaude gelooss, Superheldefilmer wiere "kee richtege Kino".
Et passt also ganz gutt, datt sech den Dick Tomasovic - Prof op der Uni Léck - theoretesch mam Phenomen Batman ausenanersetzt. "Batman - Une légende urbaine" koum an der Sammlung La fabrique des héros eraus, an hie schwätzt an deem 130 Säite staarke Bichelchen natierlech vu senger Léift zum däischtere Ritter, wat deen zanter elo 80 Joer spannend a frësch hält an huet och eng Positioun zur soi-disant Joker-Kontrovers. E Bäitrag vum Tom Dockal.