De britesche Premier Boris Johnson huet et fäerdeg bruecht: D'EU huet deen ale Brexit Accord awer um Enn nach geännert. An um Sommet zu Bréissel gouf gëschter entgéint den Erwaardungen e neien Accord ugekënnegt. De Boris Johnson sot, et wier en excellenten Accord, an hie wier ganz zouversiichtlech, datt beim Vott muer am britesche Parlament eng Majoritéit dem Accord wäert zoustëmme fir dann, wéi geplangt, den 31. Oktober aus der EU kënnen auszetrieden. Dat ass awer alles anescht wéi sécher. An de Boris Johnson huet nach e schwéiere Wee viru sech.
arrow_back_ios
Aktuelles
Accord fir de Brexit - mee nach kee sécheren Exit
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
