Panorama
Panorama
D'EU a Groussbritannien hunn en neie Brexit-Deal fonnt. D'EU-Memberlänner an dat britescht Parlament mussen elo nach gréng Luucht dofir ginn
Grouss Immobilieprojete wéi deen op der Cloche d'Or drécken d'Wunnengspräisser an d'Luucht, war d'Conclusioun vum ADR-Deputéierte Roy Reding no der Chamberkommissioun Logement
D'Situatioun vun deenen äermste Leit an eiser Gesellschaft ass am Gaang sech ze verschlechteren, seet den Directeur adjoint vun der Croix-Rouge, Marc Crochet.
Ufank d'nächst Joer soll kënnen den detailléierten Avant-projet vum Contournement vun House presentéiert ginn, äntwert de Mobilitéitsminister François Bausch op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéierte Martine Hansen
No de rezente Sprengunge vu Bancomaten zu Réimech a Miersch sicht d'Police elo no engem bloe SUV vun der Mark Ford Kuga mat der belscher Plack 1 HCK 490
Och an Zukunft gëtt et keng Vitesslimitatioun vun 130 Stonnekilometer op den däitschen Autobunnen. Den däitsche Bundestag huet haut géint dës Fuerderung vun deene Grénge gestëmmt
Venezuela krut haut ee Sëtz am Mënscherechtsrot vun de Vereenten Natiounen fir d'Period 2020 bis 2022. Dat trotz de Kritike vun ONGen a verschidde latäinamerikanesche Staaten
Aus fir Eleonora a Minella beim WTA-Tennis-Tournoi op der Kockelscheier