Am Irak sinn an de leschte Wochen déi meeschte Lagere fir Banneflüchtlingen an der Provënz Nineveh zougemaach ginn. Zwee Joer no der Liberatioun vu Mossul wëllt déi irakesch Regierung, datt d'Mënschen erëm zeréck an hir Provënze ginn an do zum Opbau bäidroen. Mee vill vun de Flüchtlingen ëm d'Stad Mossul kennen net heem. Well si Familljememberen hunn, déi der Terrororganisatioun Islamesche Staat bäigetruede waren, wëllen hir Communautéiten si net méi ophuelen. Si gi stigmatiséiert, haaptsächlech hir Kanner. D'Charlotte Bruneau war op der Plaz an huet mat hinne geschwat.
arrow_back_ios
Aktuelles
Irak: Keen Doheem méi fir vill intern Flüchtlingen
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
