Kultur
Kulturgeschicht Lëtzebuerg vun de 50er Jore bis haut
"Kulturgeschicht Lëtzebuerg vun de 50er Jore bis haut" ass e Konferenzenzyklus, deen an Zesummenaarbecht mam Institut fir lëtzebuergesch Sprooch a Literaturwëssenschaft vun der UNI Lëtzebuerg dës ganz Saison duerch eemol de Mount am CAPE zu Ettelbréck iwwer Bühn geet. Weider Partner sinn nach de CNA vun Diddeleng an den nationale Literaturzenter vu Miersch. Haut den Owend um 7 Auer ass déi zweet Konferenz am Centre des Arts pluriels zu Ettelbréck programméiert, an zwar mam Historiker Denis Scuto an et geet ëm e sozial-historeschen Bléck op Lëtzebuerg zanter de 1960er Joren. Detailer iwwer de Konferenzenzyklus mam Jean Claude Majerus.