arrow_back_ios
Kultur
De radio 100,7 live op der Nuit des Musées
D'Nuit des Musées ass an net manner ewéi 7 Etablissementer um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg. 2001 mat ronn 6000 Visiteure gestart, waren am leschte Joer iwwer 25000 Leit ënnerwee duerch de Casino, de Lëtzebuerg City Museum, de Mudam, de Musée Däi Eechelen, den Musée National d'Histoire et Art, den Naturmusée an d'Villa Vauban. All dës Muséeë sinn, genee ewéi och de radio 100,7, och den Owend nees bei der Nuit des Musées dobäi.