De Kierchbierg ass éischter bekannt als Quartier, an deem vill Leit schaffen. Laanscht an tëschent Boulevard Adenauer an der Avenue John F. Kennedy sollen et fënnefmol méi Aarbechtsplaze ginn, wéi Leit do wunnen. An Zukunft soll dat sech awer änneren. De Kierchbierg muss méi liewenswäert ginn an alueden, och no der Aarbecht do ze bleiwen. De Fonds Kirchberg an den Infrastruktur-Ministère hunn en däneschen Architektebüro beoptraagt, Iddien heifir ze sammelen. De Stephan Polet war dobäi, wéi déi dänesch Urbanisten hire Projet zesumme mam Infrastrukturminister François Bausch virgestallt hunn.
arrow_back_ios
Aktuelles
Neit Konzept fir de Kierchbierg
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
