Panorama
Panorama
De Logement ass eng Prioritéit fir d'Regierung, huet de Premier Xavier Bettel haut an der Chamber betount, no Kritike vun der Oppositioun un der Deklaratioun zur Lag vun der Natioun.
D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet de Moien an der Chamber eng Deklaratioun iwwer d'Affär Gaardenhaische gemaach.
De Lëtzebuerger Finanzminister a säi franséischen Homolog hunn haut en Avenant zu der Steierkonventioun vum leschte Joer ënnerschriwwen, deen de Risiko vun der duebeler Besteierung fir franséisch Frontalieren eliminéiert.
D'Eurofinanzministere si sech hënt eens ginn iwwer de Kader vun engem Budget fir d'Eurozon.
D'EU huet d'Schwäiz vun der groer Lëscht vun de Steierparadäiser erofgeholl.
Nom Attentat gëschter zu Halle an Däitschland, bei deem zwou Persounen ëm d'Liewe koumen, schwätzt en Expert fir Rietsterrorismus vu Berlin iwwer eng nei Form vun der Radikaliséierung.