Panorama
Panorama
Net vill Neies de Mëtteg am Premier Xavier Bettel senger Ried zur Lag vun der Natioun. Dominant Theme waren ënner anerem de Kampf géint de Klimawandel an den Dateschutz.
D'Oppositiounsparteien hu kritiséiert, datt Theme wéi Mobilitéit a Logement net zur Sprooch koumen.
De Mouvement Écologique begréisst, datt de Klimaschutz an der Ried esou eng zentral Roll gespillt huet.
D'CSV an d'ADR géife sech iwwerleeën, nei Elementer am Dossier Traversini un de Parquet weiderzeginn.
Jean Asselborn "Mir sinn immens wäit ewech vun enger Léisung an der Migratiounskris"
London geet dovun aus, datt d'Brexit-Gespréicher scheitere wäerten.