Kultur
E kuriéise Complément fir d'Steichen Collections
D'Foto-Expo "The Family of Man", vum lëtzebuergesch-amerikanesche Fotograf a Curateur Edward Steichen, hunn tëschent 1951 an 1964 iwwer néng Millioune Mënschen an 38 Länner gesinn. Domat gehéiert d'Ausstellung zu den erfollegräichste weltwäit. 1994 ass se definitiv am Klierfer Schlass ukomm, zanter 2003 gehéiert se zum Unesco-Weltdokumenter-Ierwen. Elo kënnt Beweegung an d'Spill: am Centre national de l'Audiovisuel zu Diddeleng gëtt "The Contemporary Family of Man" an d'Archiver opgeholl. D'Kerstin Thalau iwwer d'Teutloff Collection.