Panorama
Panorama
D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg mécht nächsten Donneschdeg an der Chamber eng Declaration zum Dossier Gaardenhaischen vum Roberto Traversini. No hirer Deklaratioun ass eng Debatt an der Chamber virgesinn. De Nomëtten war si fir zweet des Woch an der Chamber-Emwelt-Kommmissioun fir Reid an Äntwert ze stoen.
Bei enger Messerattack op d'Haaptkommissariat vun der Police zu Paräis wiere fënnef Mënschen ëm d'Liewe komm, dorënner véier Polizeibeamten. Den Ugräifer ass erschoss ginn. Eng weider Persoun wier an d'Klinik bruecht ginn.
D'Gewerbeinspektioun ITM brauch weider méi Personal fir ze kontrolléieren, op d'Betriber d'Gesetzer zu Lëtzebuerg respektéieren. Bei der Presentatioun vum Joresbilan 2018 sot den Aarbechtsminister Dan Kersch: Vun am Ganzen 148 Leit, déi bei der ITM schaffen, wiere just 22 Inspekteren, déi um Terrain Kontrolle maachen.
De Minister François Bausch huet an der zoustänneger Chamberkommissioun de Mëtteg déi grousse Linne vu sengem Projet fir e Spezialgesetz fir de Police-Kamera-Iwwerwaachungssystem VISUPOL presentéiert. Et soll Rechtssécherheet fir de Bierger a fir d'Police geschafe ginn, huet de grénge Minister ugekënnegt.
No méintelaange Streidereien tëschent Gewerkschaften an Direktioun gouf haut bei Luxtram ee Kollektivvertrag ënnerschriwwen. Et ass déi éischte Konventioun vun deem Genre fir d'Bedreiwergesellschaft vum Tram. All d'Léin sollen ëm véier Prozent klammen.