Kultur
Kultur Spezial: Esther Kinsky
Mat "Hain. Geländeroman" huet si 2018 de Buchpreis vun der Leipziger Buchmesse gewonnen. Lyrik, Essayen an Iwwersetzunge si weider Sparte vun hirer Literatur. Hiert Buch "fremdsprechen" koum elo bei Matthes & Seitz nei eraus. An dësem Wierk befaasst sech d'Esther Kinsky mat der Bedeitung vun Literaturiwwersetzungen. Wat geschitt mam Wuert, mat der Stëmmung, mat der Erënnerung, wann d'Texter an aner Wierder geschriwwe ginn?
D'Esther Kinsky war op e Gespréich a Liesung an den Institut Pierre Werner invitéiert. Moderatioun hat de Jérôme Jaminet. Lauschtert dësen Extrait vun der Diskussioun a genéisst der Esther Kinsky hir aussergewéinlech eege Wierder.